GouvCheck – iwwerpréift, ob en offiziellt Dokument echt ass

 

Firwat ass GouvCheck gutt?

Mat GouvCheck kann ee gratis an an Echtzäit mat engem am Dokument integréierte QR-Code iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument, dat zu Lëtzebuerg ausgestallt gouf, echt ass.

Wéi benotzt een d’App GouvCheck?

Jidderee kann iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument mat engem GouvCheck-QR-Code echt ass.

En offiziellt Dokument ze iwwerpréiwen, ass einfach:

  1. Dir luet d’App mat Ärem Smartphone oder Tablet am Google Play Store oder Apple App Store erof.
  2. Dir maacht d’App op Ärem Smartphone oder Tablet op.
  3. Dir scannt de QR-Code vum Dokument, vun deem Der wëllt wëssen, ob et echt ass.
  4. D’App weist Iech un, ob de QR-Code valid ass, an Dir iwwerpréift, ob d’Donnéeën, déi um Dokument stinn, déi selwecht sinn ewéi déi, déi an der App gewise ginn.

Et ass also net méiglech, ze fuddelen, andeem e falsche QR-Code um Dokument benotzt gëtt.

Opgepasst: GouvCheck erlaabt Iech, ze iwwerpréiwen, ob en Dokument echt ass, mee kann d’Dokument selwer net ersetzen.

  1. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Logo vun der App

    Logo vun der App

  2. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Ecranen vun der App

    Ecranen vun der App

  3. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Beispill vun engem Certificat de résidence

    Beispill vun engem Certificat de résidence

  4. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    GouvCheck am Google Play Store an Apple App Store

    GouvCheck am Google Play Store an Apple App Store

  5. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    GouvCheck – Iwwerpréift, ob en offiziellt Dokument vum Lëtzebuerger Staat echt ass

    GouvCheck – Iwwerpréift, ob en offiziellt Dokument vum Lëtzebuerger Staat echt ass

Fir wien ass d’App geduecht?

D’App ka vun all Persoun benotzt ginn, déi wëllt iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument, dat vun enger Administratioun ausgestallt gouf, echt ass. Se ass gratis.

Wat fir eng Dokumenter si betraff?

Op all Dokument, dat mat der App kann iwwerpréift ginn, ass e QR-Code, dee mam Logo vu GouvCheck gekennzeechent ass:

Wat sinn d’Virdeeler vum GouvCheck?

Echtheet Integritéit Iwwerpréiwen an Echtzäit
D’Dokument gouf vun enger offizieller Instanz ausgestallt. Et huet eng gesetzlech Valeur. D’Informatiounen, déi um Dokument stinn, goufen net geännert. D’Dokument ka jidderzäit iwwerpréift ginn, ouni datt dofir eng Internetverbindung néideg wier.

Wat ass e QR-Code?

E QR-Code erlaabt et, encodéiert Informatiounen duerzestellen, fir datt se kënne vun elektroneschen Apparater (ewéi Smartphonen an Tabletten) gelies a vun enger App ausgewäert ginn.

Fir de GouvCheck-QR-Code auszewäerten, deen unhand vum Logo vu GouvCheck einfach ze erkennen ass, braucht Dir:

  • e Smartphone oder en Tablet mat Fotoapparat; an
  • d’mobil Applikatioun GouvCheck, déi am Google Play Store oder am Apple App Store kann erofgeluede ginn.

Aktualiséiert