eAdministratioun

Encadrement beim Opbau vun enger performanter eAdministratioun

 

Fir d'Implementéierung vun enger elektronescher Administratioun (eAdministratioun) ze garantéieren, baséiert sech den CTIE op dräi grouss Prinzipien, déi de Regierungsrot de 24. Juli 2015 validéiert huet:  

DIGITAL BY DEFAULT

Et ass virgesinn, datt bei der Kreatioun vun enger digitaler Kultur, nom Prinzip digital by default, all neit Gesetz vun Ufank un eng digital Approche berücksichtege muss. Ausserdeem muss den Austausch tëschent den Administratiounen grad esou wéi den Austausch tëschent den Administratiounen an de Bierger oder den Entreprisen iwwer den elektronesche Wee goen.

ONCE ONLY

De Prinzip once only soll zu enger massiver Vereinfachung vun den administrative Prozedure bäidroen. An der Praxis, den Accord vum Benotzer virausgesat, muss all Administratioun déi Donnéeën notzen, déi schonn eng Kéier zur Verfügung gestallt gi sinn, egal aus wéi enger ëffentlecher Administratioun se kommen. Dëse Prinzip berücksichtegt den Dateschutz an d'Privatsphär vun de Bierger.

TRANSPARENZ

Fir eng maximal Transparenz ze garantéieren, gëtt d'Regierung dem Bierger d'Méiglechkeet, d'elektronesch Donnéeën iwwer hien ze kontrolléieren an och erauszefannen, wéi eng Administratioun op d'Donnéeën zougegraff huet. De Bierger muss, wann et iergendwéi méiglech ass, d'Chance hunn, den Avancement vu sengem Online-Dossier ze gesinn.

Dës Grondprinzipien hëllefe beim Opbau vum Guichet.lu, deen de Regierungsrot als wichtegste Portal fir d'Interaktioun mat de Verwaltunge gesäit.

Dës Prinzipien droen zu enger moderner a performanter digitaler Verwaltung mat ville Virdeeler bäi:

  • d'Vereinfachung an d'Optiméierung vun de Prozeduren;
  • e groussen Zäitgewënn fir all Benotzer;
  • eng effikass Kommunikatioun tëschent all de Bedeelegten;
  • grouss Erspuernesser mat gemeinsamen an zentraliséierte Léisungen;
  • d'Entwécklung vun engem positive Bild vum Land.

Den CTIE schafft um Opbau vun der digital friendly Administratioun a verwalt den Alldag vum Informatiounsportal Guichet.lu. Zesumme mam Ekonomiesministère huet den CTIE dëse Portal geschafen, fir de Bierger an den Entreprisë méiglechst vill Informatiounen iwwer d'administrativ Demarchen ze ginn. Op dës Manéier dréit den CTIE zum Opbau vun enger performanter digitaler Verwaltung bäi.

Op laang Sicht ass et d'Zil, den Oflaf vun all den administrativen Demarchen, vum Ufank bis un d'Enn, ze digitaliséieren. Dofir huet den CTIE MyGuichet.lu, entwéckelt, eng geséchert Plattform, déi eng ganz Rei digitaliséiert Servicer vum Lëtzebuerger Staat regroupéiert an domat dem Bierger d'Méiglechkeet bitt, seng gespäichert Donnéeën ze kucken, Demarchen online ze regléieren an offiziell Dokumenter unzefroen an erauszedrécken (eDelivery).

Zousätzlech zum digitale Volet gëtt et och den Helpdesk, deen iwwer mail oder Telefon (247-82000) an direkt am Accueil vum Guichet.lu (11, rue Notre-Dame) op all d'Froe vun de Benotzer äntwere kann. Bei dësem Guichet an der Ënneschtgaass kann de Bierger sech och seng elektronesch Identitéitskaart (eID) oder säi Führerschäin (Société nationale de circulation automobile) bestellen an och siche goen.

Aktualiséiert