Shared services Zenter

IT Service provider vun den Administratiounen

Den CTIE ass am Kader vu sengen Attributiounen als IT Service provider fir d'Administratiounen zoustänneg. Mat sengen 10 Divisiounen bitt den CTIE de Bierger, den Administratiounen an den Entreprisen professionell an adaptéiert Servicer un.

Dës Servicer kann een an 10 Kategorien andeelen:

Applikatiounen a professionnell Léisungen

D'Entwécklung vun Applikatiounen a vu professionelle Léisungen op d'Mooss hëlleft d'Performance an d'Effikassitéit beim Opschaffe vun de Clienten hiren Demanden ze verbesseren.

Telefonie a Bureautique

Am Alldag vum digitalen Zäitalter kënnen sech d'Mataarbechter op performant a sécher Kommunikatiounsméiglechkeete verloossen.

Akaf

D'Mataarbechter vun enger Organisatioun mussen sech op eng héichwäerteg, informatesch Infrastruktur verloosse kënnen.

Kommunikatioun an Collaboratioun

Eng effizient Collaboratioun ass eng wichteg Viraussetzung, fir de Client zefriddenzestellen.

Berodung a Kompetenz

D'Reussite vun engem neie Projet hänkt vun enger gudder Gestioun a vum Anhale vun de Regelen a Prozeduren of (ëffentlech Ausschreiwungen, Sécherheetsauditen a Gestioun vun Informatikprojeten)

Dréckerei

Den CTIE këmmert sech ëm d'Realiséierung vum Staat senge Publikatiounen, der Korrektur vun den Texter, dem Drock, dem Bannen an och dem Verschécke vun den Dokumenter. Och d'Produktioun vu gesécherten administrativen Dokumenter (eID, Pass) gëtt vum CTIE assuréiert.

IT Infrastrukturen an Datenzenter

Nei digital Servicer kënnen nëmme mat enger effikasser IT Infrastruktur entwéckelt ginn.

Netzplattformen

D'digital Transformatioun vun all Organisatioun geet iwwer den Opbau vun enger Netzplattform (Sharepoint oder SAP), déi op d'Mooss konfiguréiert gëtt.

Internetpräsenz

Den CTIE koordinéiert d'Internetpräsenz vum Staat, sief et iwwer eege Portaler oder aner Websäiten. Fir en héije Qualitéitsniveau ze garantéieren, baséiert den CTIE sech op RENOW.

GovCloud Léisungen

E wichtege Projet ass den Opbau vun internen Infrastrukturen a Cloud Servicer beim Staat (Infrastructure as a Service, soit IaaS).

Aktualiséiert