Neierungen 2020

Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2020 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

©SIP

Mobilitéit

Gratis ëffentlechen Transport

Ab dem 1. Mäerz 2020 wäert d'Benotze vun allen nationalen ëffentleche Verkéiersmëttel, déi vum Staat finanzéiert ginn, um Lëtzebuerger Territoire gratis sinn. De Klassesystem an de Zich, also d'Andeelung an d'1. an d'2. Klass, gëtt bäibehalen. D'Präisser vun der 1. Klass bleiwen d'selwecht, an och d'Infrastruktur, respektiv d'Opdeelung vun de Zich ännert sech net.

Finanziell Bäihëllefe fir Gefierer ouni respektiv mat geréngem CO2-Ausstouss

Fir d'Elektromobilitéit an déi aktiv Mobilitéit weider ze fërderen, gëtt de System vun de finanzielle Bäihëllefe fir Gefierer ouni respektiv mat geréngem CO2-Ausstouss am Joer 2020 weidergeféiert.

D'Promotioun vun der Elektromobilitéit bleift ee wichtege Faktor wat d'Efforten zur Dekarboniséierung vum Transportwiesen ubelaangt. Si ass e Bestanddeel vum Energie- a Klimaplang dee fir 2021–2030 virgesinn ass. Dëse strieft eng Reduktioun vun de Zäregaser bis 2030 un an dat ëm déi 50% manner am Verglach mat 2005.

Zivilschutz

De Feiermelder gëtt obligatoresch

Fir d'zivil Sécherheet ze erhéijen a Persounen a Gidder besser géint d'Brandgefor ze schützen, ass d'Installéiere vun autonomen Dampmelder ab dem 1. Januar 2020 Flicht. Fir Gebaier, déi d'Baugeneemegung virun dësem Datum kritt hunn, souwéi fir bestoend Gebaier ass eng Iwwergangsperiod vun 3 Joer virgesinn. De Proprietär ass responsabel fir d'Installatioun vum oder vun de Feiermelder an de Locataire fir den Entretien. 

Gemengen

Den Opnamexamen fir de Gemengesecteur gëtt moderniséiert ​

Souwuel d'Form wéi och de Contenu vum Opnamexame gëtt iwwerschafft, dat heescht d'Prozedur gëtt digitaliséiert an d'Prüfunge gi besser un d'Besoine vun de Gemengen ugepasst. Dës Reform trëtt ab 2020 a Kraaft.

Gesondheet

D'Recht op Vergiesse fir geheelte Kriibspatienten

Fir fréier Kriibs- oder Hepatite-C-Patienten ënnert akzeptabelen oder räsonabele Konditiounen den Zougang zu engem Prêt ze erméiglechen, hunn de Gesondheetsministère an d'Vereenegung vun de Versécherungsgesellschaften (Association des compagnies d’assurances et de réassurances - ACA) een Ofkommes mat 8 Versécherungsgesellschaften ënnerschriwwen, mat deem a Lëtzebuerg e Recht op Vergiessen agefouert gëtt. Dëst Ofkommes gëllt ab dem 1. Januar 2020.

D'Aféiere vun engem Recht op Vergiessen, fir ënnert anerem fréier Kriibspatienten, a Bezuch op Versécherungen zu Lëtzebuerg ass een éischte Schrëtt a Richtung gläichwäerteg Behandlung vu Patienten, déi un enger schwéierer Krankheet gelidden hunn, an aner Bierger/-innen. D'Fortschrëtter um Niveau vun den Therapien erméiglechen am Kader vun dësem Ofkommes eng korrekt Aschätzung vum Risiko beim Aushandelen an der Ënnerschrëft vun engem Versécherungskontrakt. 

Enseignement

Aféierung vu Programméierkueren am 4. Zyklus vum Fondamental

Ab dem Schouljoer 2020–2021 gëtt am 4. Zyklus vum Fondamental Coding (Programméieren) am Kader vum Mathematikscours ënnerriicht. D'Entwécklung vun digitale Kompetenzen, besonnesch dem Coding a Computational Thinking, ass zu enger onëmgänglecher Aufgab fir d'Schoulen am 21. Joerhonnert ginn. Dës Fächer sollen d'Schüler/-innen adequat op d'zukünfteg Aarbechtswelt a Gesellschaft virbereeden. Aus dem Grond ginn dës zwou Schlësselkompetenze systematesch an de Programm vun den ëffentleche Grondschoulen a Lycéeë verankert. 

Finanzen

Erhéijung vun de Pensiounen

D'Pensioune ginn ab dem 1. Januar ëm 1,5% erhéicht.

Logement

Bäihëllef fir d'Finanzéiere vu Loyerskautiounen

Ab dem 1. Januar 2020 gëllen aner Bedéngungen a Modalitéite wat d'Bäihëllef fir d'Finanzéierung vu Loyerskautiounen ubelaangt.

Persounen, déi eng Wunneng loune wëllen, awer net déi néideg Mëttel besëtze fir d'Loyerskautioun  ze finanzéieren, kënne beim Wunnengsbauministère eng Finanzéierungsbäihëllef ufroen. De Staat ka fir de Scholdebetrag biergen. Am Géigenzuch ass de Beneficiaire dozou verflicht, de Gesamtmontant vun der Kautioun iwwert een Zäitraum vun 3 Joer zesummenzespueren .

Fir d'Zuel vun de potentielle Beneficiairë vun der  Loyerskautioun  ze erhéijen, si folgend Modifikatioune virgesinn:

  • D'Akommes am Stot ass net méi héich wéi déi gesetzlech festgeluechten Akommesgrenz (méi Detailer an der Tabell op der Récksäit).
  • De Loyer ass net méi héich wéi 40%  vum Akommes am Stot.
  • Den Demandeur ass um Dag vun der Demande volljäreg.
  • Den Demandeur huet e legale Wunnsëtz zu Lëtzebuerg.
  • Déi betraffe Wunneng gëtt um private Immobiliëmarché gelount.
  • Déi betraffe Wunneng befënnt sech zu Lëtzebuerg a gëtt dem Demandeur säin Haaptwunnsëtz.
  • Den Demandeur ass kee Proprietär, Co-Proprietär, Ierf-Piechter oder Titulaire vun engem Ierfschaftsrecht vun enger aner Wunnplaz zu Lëtzebuerg oder am Ausland. 
    Finanzen

Nach a Prozedur

Accessibilitéit fir jiddereen: Gesetzesentworf iwwert den Zougang zu ëffentleche Plazen, op ëffentleche Verkéiersweeër an a Wunnhaiser.

D'Grondrechter vu Persoune mat enger Behënnerung, a besonnesch hiert Recht sech fräi beweegen ze kënnen, bilden d'Grondlag fir de Gesetzesentworf iwwert d'Accessibilitéit.

Ziel vum Gesetzesentworf ass et nei a bestoend ëffentleche Plazen, Verkéiersweeër a Gebaier bis 2030 fir jiddereen zougänglech ze maachen. De Gesetzesentworf geet esou géint d'Ongläichheeten a Diskriminéierunge vir, deene Persoune mat enger Behënnerung ausgesat sinn, an ziilt - duerch d'Accessibilitéit vun ëffentleche Gebailechkeeten a Plazen - dorops hin, de Leit mat enger Behënnerung een onofhängegt Liewen an eng vollstänneg Undeelnam un alle Beräicher vum Liewen ze erméiglechen.

Zesummefaassung op der Internetsäit vun der Chamber

Aktualiséiert