De CTIE

Den Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) – technologeschen Aarm vum Ministère fir Digitaliséierung – ass déi lëtzebuergesch Verwaltung, déi zoustänneg ass fir d’IT-Servicer vun der Regierung, de Ministèren an de Lëtzebuerger Verwaltungen. En offréiert eng breet gefächert Offer u Servicer fir seng Clienten bei der ëffentlecher Verwaltung.

D’Servicer decken all d’Beräicher vum IT of, dorënner:

  • d’Infrastruktur fir Reseau a Kommunikatioun;
  • den Hosting;
  • d’privat Cloud (laaS);
  • d’Plattformen (PaaS);
  • geneeresch a clientsspezifesch Softwareléisungen (SaaS);
  • d’Zousazdéngschter wéi ënner anerem d’Generéiere vu sécheren Dokumenter an dem individualiséierte Massendrock.

De CTIE geréiert och d’Büro-Automatiséierung an d’Telefonie vun de Ministèren an de Verwaltungen an en ass verantwortlech fir d’Ëmsetze vun der Sécherheet vun den IT-Infrastrukture vum Staat.

Wat den eGovernment ubelaangt, handelt de CTIE als ee vun den zentralen Acteuren a sëtzt den Online-Portal Guichet.lu ëm, de Single point of contact fir d’Bierger an d’Betriber fir d’Realiséiere vun hire staatlechen Demarchen. Seng interaktiv Plattform MyGuichet.lu bitt modern digital Servicer un, déi einfach ze benotze sinn. D’Plattform ass e Schlësselelement vun der digitaler Strategie vu Lëtzebuerg.

Aktualiséiert