Accessibilitéitsdeklaratioun

D’Organ „Zenter fir Informatiounstechnologien“ verflicht sech derzou, säi Site accessibel ze gestalten, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwer d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a vun de mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Deklaratioun iwwer d’Accessibilitéit bezitt sech op: https://ctie.gouvernement.lu/lb.html.

Wat ass déi digital Accessibilitéit?

Jiddweree muss op eng einfach Manéier kënnen d’Informatiounen, déi op enger Websäit oder an enger Applikatioun stinn, benotzen an ofruffen, besonnesch déi Persounen, déi eng Behënnerung hunn an/oder eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material benotzen (Persounen, déi blann sinn oder schlecht gesinn, oder en aneren Handicap hunn).

Konformitéitsstatut

Dësen Internetsite ass partiell konform zur europäescher Norm EN 301 549 souwéi zum Generelle Referenzwierk fir d’Verbesserung vun der Web-Accessibilitéit (RGAA) v4, dat se implementéiert, dëst opgrond vun den hei ënnendrënner opgezielten Elementer.

Net-accessibelen Inhalt

De follgenden Inhalt ass net accessibel aus follgende Grënn:

Net-Konformitéit zum RGAA 4

  • Verschidden informativ Biller hu keng pertinent Text-Alternativ (Beispill: an de Fotogalerien).
  • Verschidden dekorativ Biller gi vun den Assistenz-Technologien net korrekt ignoréiert (Beispill: verschidde Thumbnails an den Teasere vun den Artikelen).
  • Verschidde Kontraster vun Texter oder Ikone sinn ongenügend.
  • Verschidde Linke sinn net explizitt (Beispill: Problemer opgrond vu Link-Titelen).
  • Verschidde Skripter sinn net kompatibel mat den Assistenz-Technologien (Beispill: d’Sproochauswiel).
  • Verschidde Skripter sinn net iwwer d’Tastatur ze steieren (Beispill: de Sichknäppchen).
  • Verschidde Feeler, déi mat der Gültegeet vum HTML-Code ze dinn hunn, kënnen d’Assistenz-Technologië perturbéieren.
  • Verschidden Ännerunge vun der Sprooch sinn net korrekt deklaréiert (Beispill: d’Linken an der Rubrik „Interview“ op der Startsäit).
  • Op verschiddene Säiten ass d’Informatioun net duerch Iwwerschrëfte strukturéiert (Beispill: den Titel vum Niveau 1 vun der Startsäit ass net pertinent).
  • Den Tastaturfokus ass op verschiddene Komponente vum Interface net sichtbar (Beispill: an de Fotogalerien).
  • Verschidden Inhalter, déi fir d’Assistenz-Technologië verstoppt sinn, kréien den Tastaturfokus (Beispill: an de Fotogalerien).
  • Verschidde Felder vum Formulaire hu keng sichtbar Beschrëftung (Beispill: d’Sichfeld).
  • Dat automatescht Ausfëlle vun de Felder ass am Kontaktformulaire net disponibel.
  • Verschidden Dokumenter, déi kënnen erofgeluede ginn, sinn net accessibel.

Onverhältnisméisseg Belaaschtung

Verschidde Videoen, déi nom 23. September 2020 verëffentlecht goufen, si wéinst Mangel u Ressourcen net ënnertitelt.

Inhalter, op déi d’Gesetz vum 28. Mee 2019 sech net applizéiert

  • Den Twitter-Feed op der Startsäit gëtt duerch den Déngscht Twitter bereetgestallt, iwwer dee mir keng Kontroll hunn.
  • Déi interaktiv Kaarten, zum Beispill op der Kontaktsäit. D’Informatiounen, déi duerch déi interaktiv Kaarten duergestallt ginn, ginn duerch en Text dernieft zur Verfügung gestallt.
  • D’Dokumenter, déi kënnen erofgeluede ginn, déi virum 23. September 2018 verëffentlecht goufen an net fir aktiv administrativ Prozesser gebraucht ginn, sinn net onbedéngt accessibel. Dir kënnt eis awer kontaktéieren, fir eng accessibel Alternativ ze kréien.
  • D’Videoen, déi am Livestream iwwerdroe ginn, sinn net live ënnertitelt. D’Ënnertitele ginn an de VOD-Versioune bereetgestallt, déi no der Diffusioun zur Verfügung gestallt ginn.
  • D’Dokumenter, déi kënnen erofgeluede ginn a vun Drëttpersoune bereetgestallt goufen, ënnerleien net eiser Kontroll. Dir kënnt eis awer kontaktéieren, fir eng accessibel Alternativ ze kréien.

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun

Dës Deklaratioun gouf den 2. Februar 2021 virbereet. D’Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dësem Internetsite mat den Ufuerderungen, déi am RGAA 4 fixéiert sinn, ewéi eng Eegen-Evaluatioun, déi vum Organ „Informatiouns- a Pressedéngscht“ ausgeféiert gëtt.

Feedback a Kontakt

Wann Dir e Problem mat der Accessibilitéit sollt feststellen, schéckt eis eng E-Mail un accessibilite@ctie.public.lu: Beschreift Äre Problem an déi concernéiert Säit. Mir verflichten eis derzou, fir Iech an engem Delai vu maximal engem Mount per E-Mail ze äntweren. Fir de Problem laangfristeg ze léisen, gëtt d’Online-Korrektioun vum Accessibilitéitsproblem privilegéiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt déi gewënschten Informatioun Iech an engem accessibele Format, esou wéi Dir et wënscht, zougestallt:

  • schrëftlech, an engem Dokument oder enger E-Mail; oder
  • mëndlech, wärend engem Gespréich oder per Telefon.

Prozedur, déi et erlaabt, d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherzestellen

Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire oder den Ombudsman, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.


Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag ass © Europäesch Unioun, 1988-2020 a steet ënner der Lizenz vu Creative Commons Attribution 4.0 International licence.

Aktualiséiert