Attributiounen

D’Attributioune vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) sinn duerch d’Gesetz vum 24. November 2015, dat dat modifizéiert Gesetz vum 20. Abrëll 2009 modifizéiert huet, definéiert. De CTIE huet als Missioun:

  • d’Promotioun an d’Organisatioun, op eng rational a koordinéiert Manéier, vun der Automatiséierung vun de Verwaltunge vum Staat, virun allem beim Sammelen, Iwwerdroen a bei der Veraarbechtung vun den Donnéeën;
  • d’Ënnerstëtzung vun de verschiddene Verwaltunge vum Staat bei der Ausféierung vun de geleefegen Informatiksaarbechten an d’Gestioun vun de fixen a mobille Kommunikatiounssystemer;
  • d’Gestioun vun den appropriéierten elektroneschen, informateschen a Sécherheets-Ekipementer, déi fir d’Ausféiere vu sengen Attributiounen néideg sinn;
  • d’Verwaltung vum gemeinsamen informatesche Reseau a vun der elektronescher Messagerie vum Staat;
  • d’Sécherheet vun der Informatik an d’Respektéiere vun den Oplage vum Gesetz iwwer de Schutz vun de Persounen am Kontext vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën, an de Limitte vu sengen Attributiounen;
  • d’Produktioun an d’Personaliséiere vun ofgesécherten administrativen Dokumenter an d’Veraarbechtung vun de biomeetreschen Donnéeën, déi domat a Verbindung stinn;
  • d’Acquisitioun an d’Gestioun vun informateschen a Büros-Ekipementer fir d’Verwaltunge vum Staat;
  • d’Gestioun vun engem Ënnerstëtzungszenter (centre de support) fir intern an extern Notzer vun den Informatiounssystemer, déi de CTIE geréiert;
  • d’Elaboratioun an d’Aktualiséiere vun enger Kartéierung vun de Prozesser vun de Verwaltunge vum Staat a vun hirer Interopérabilitéit;
  • déi organisatoresch Ënnerstëtzung vun de Verwaltunge vum Staat an hir Begleedung bei de Reorganisatiounsprojeten;
  • d’Siche vu Synergien tëschent de verschiddene Verwaltunge vum Staat an d’Optimiséierung vun hirem Informatiounsaustausch;
  • d’Koordinatioun vun der Internetpresenz vun de Verwaltunge vum Staat;
  • d’Schafen an d’Exploitatioun vun den Austausch-Plattforme mat de Bierger an den Entreprisen;
  • d’Schafen an d’Exploitatioun vun den Zesummenaarbechts-Plattformen, déi d’Gesamtheet vum Staat sengen Agente matenee verbënnt;
  • d’Schafen an d’Koordinatioun vun engem Reseau vu regionale physesche Guicheten, déi de Bierger en zentrale Kontaktpunkt fir all hir administrativ Demarchë bidden;
  • d’Zur-Verfügung-Stelle vun enger Datebank, déi d’Gesamtheet vun den Attributioune vum Staat regruppéiert, an déi duerch déi verschidde Kanäl vun ëffentleche Servicer zougänglech ass;
  • d’Iwwerdroe vun offiziellen Informatiounen tëschent de Regierungen, den internationalen Organer an de Verwaltunge vum Staat, esou wéi déi rechtskräfteg Sécherheetsdirektiven et virschreiwen;
  • d’Plangen, d’Schafen, d’Gestioun, d’Exploitatioun an d’Sécherstelle vun der Disponibilitéit vun de klassifizéierte Kommunikatiouns- an Informatiounssystemer, déi déi politesch Consultatioun an den Austausch vun Informatiounen zu Gonschte vun der Regierung erlaben;
  • d’Ausüben, am Kader vu sengen Attributiounen, vun der Funktioun vun enger nationaler Verdeelungs-Autoritéit, déi fir d’Gestioun vum kryptografesche Material vun den nationalen an internationalen Organer zoustänneg ass;
  • d’Ausübe vun der Funktioun vun engem zentraliséierte Büro, deen déi national Entitéit ass, déi fir d’Organisatioun vum Empfang, vum Verbuchen, vun der Verdeelung a vun der Zerstéierung vun de Piècen, déi ënner Verschloss sinn, zoustänneg ass;
  • d’Zur-Verfügung-Stellen vun enger ofgesécherter Infrastruktur a vun den administrativen, logisteschen, Kommunikatiouns- an Informatiounsveraarbechtungs-Ressourcen, déi fir d’Gestioun vu Krisen noutwendeg sinn;
  • d’Zur-Verfügung-Stellen vun engem Zenter fir national an international Konferenzen;
  • d’Operatioun vum Service Courrier vun der Regierung.

De CTIE üübt ausserdeem d’Attributiounen aus, déi em duerch speziell gesetzlech oder reglementaresch Oplagen uvertraut sinn, virun allem wat d’Satisfaktioun vun den informatesche Besoine vun den Notzer an den Etablissementer, déi net zu de Verwaltunge vum Staat gehéieren, ubelaangt.

Aktualiséiert