Aarbechtsofferen

Sicht Dir eng nei berufflech Erausfuerderung? Hutt Dir eng Leidenschaft fir d'Technologië vun der Informatioun an der Kommunikatioun?

Da gitt Member vun eiser agiler, méisproocheger a motivéierter Ekipp. Hëlleft eis, d'Lëtzebuerger Administratioun mat informateschen Toolen op Spëtzenniveau auszestafféieren, déi néideg sinn, fir de Bierger an de Betriber modern, benotzerfrëndlech an effikass Servicer kënnen unzebidden.

Mir rekrutéieren:

Sidd Dir interesséiert un engem vun eisen oppene Posten?

Är Kandidatur kënnt Dir exklusiv iwwer GovJobs stellen, den Astellungsportal vun der Fonction publique. Mat engem Klick op de Link vun deem Posten, deen Iech interesséiert, kommt Dir u méi ausféierlech Informatiounen an op d'online Kandidatur.

7 gutt Grënn, Deel vun eiser Ekipp ze ginn

  1. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Prestataire vun IT-Servicer fir d'ëffentlech Verwaltung

    Prestataire vun IT-Servicer fir d'ëffentlech Verwaltung

  2. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Haaptacteur vum eGovernment

    Haaptacteur vum eGovernment

  3. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Eng benotzerzentréiert Approche

    Eng benotzerzentréiert Approche

  4. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Projete vun nationaler an europäescher Envergure

    Projete vun nationaler an europäescher Envergure

  5. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Innovatioun

    Innovatioun

  6. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Mataarbechter beim Staat am Déngscht vum Bierger

    Mataarbechter beim Staat am Déngscht vum Bierger

  7. ©Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)

    Jonk, dynamesch a multinational Ekippen

    Jonk, dynamesch a multinational Ekippen

1. Prestataire vun IT-Servicer fir d'ëffentlech Verwaltung

Mir installéieren d'IT-Infrastruktur vum Staat, bedreiwen d'IT-Plattformen an d'Mainframe-Systemer a geréieren d'Büroautomatiséierung an d'Telefonie vun de Ministèren a Verwaltungen. Mir ënnerstëtzen eis Clientë bei der Installatioun vu fachspezifeschen Applikatiounen a stellen de Verwaltungen eisen Know-how bei der Implementéierung vu Kollaboratiouns- a Dokumentemanagement-Tools zur Verfügung.

D'Aarbechtsberäicher vum CTIE si vilfälteg. Egal, wou Är Computertalenter leien – bei eis fannt Dir Ären Defi.

2. Haaptacteur vum eGovernment

Guichet.lu, den zentrale Kontakt fir Bierger an Entreprisë bei hiren Demarchë mam Staat, ass ee vun de wichtegste Produite vum CTIE an e Schlësselelement vun der digitaler Strategie vum Grand-Duché.

Fir dem Bierger modern, effikass a benotzerfrëndlech digital Servicer ze garantéieren, entwéckelt sech eis interaktiv Plattform MyGuichet.lu stänneg weider. Dëst ass och d'Aufgab vun eiser Webagence, déi fir d'Ëmsetzung vun der Webstrategie vum Staat responsabel ass, fir all de Bierger Zougang zu de Regierungsinformatiounen ze bidden.

De CTIE erméiglecht Iech et, direkt am Service vum Bierger ze schaffen, an Dir kënnt aktiv zu der digitaler Transformatioun vum Land bäidroen.

3. Eng benotzerzentréiert Approche

De Client steet bei eis am Mëttelpunkt. Eis IT-Léisunge mussen de Besoine vun eise Clienten, déi genee esou verschidde si wéi eis Aarbechtsberäicher, beschtméiglech gerecht ginn. Wärend der Ëmsetzung vun de Projeten treffe mir eis reegelméisseg mat den Haaptacteuren an hunn en oppent Ouer fir si.

Beim CTIE begéint Dir Iech reegelméisseg mat de verschiddenen Acteure vum lëtzebuergesche Staat.

4. Projete vun nationaler an europäescher Envergure

D'Mataarbechter vum CTIE begleeden hir Projeten net just op nationalem, mä, falls néideg, och op europäeschem Plang.

Jee no Projet wäert Dir d'Méiglechkeet hunn, hire Perimeter iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg eraus auszedeenen a mat den zoustännegen europäeschen Autoritéiten zesummenzeschaffen.

5. Innovatioun

D'Entwécklung hält ni op – d'Innovatioune vun haut sinn d'Ufuerderunge vu muer. Fir hire Bierger en effikasse Service ze garantéieren, setzt d'lëtzebuergesch ëffentlech Verwaltung op modernst Technologien an op Digitaliséierung. D'Nofro no govCloud-Projeten an der Entwécklung vu fachspezifesche Léisunge klëmmt permanent.

Fir den Demandë vun eise Cliente beschtméiglech gerecht ze ginn, hu mir eis dat éiergäizegt Zil gesat, eis weiderzëentwéckelen an eis nei Technologien unzëeegnen. Mir zielen op Iech an Ären Know-how.

6. Mataarbechter beim Staat am Déngscht vum Bierger

Als staatlech Verwaltung rekrutéiere mir ënner dem Status vum Fonctionnaire, Employé oder Salarié de l'État. Als Mataarbechter vun der Fonction publique profitéiert Dir niewent Ärem Salaire vun enger Allocation de fin d’année an all Mount vun enger Iessenszoulag. Jee no Ärer familiärer Situatioun kritt Dir och eng Familljebäihëllef ausbezuelt.

Mir bidde variabel Aarbechtszäitmodeller (Vollzäit/Deelzäit) a flexibel Aarbechtszäiten.

7. Jonk, dynamesch a multinational Ekippen

Bal all d'Plaze beim CTIE stinn europäesche Staatsbierger op, eis Aarbechtssprooch ass esouwuel Franséisch wéi och Lëtzebuergesch. Eis Mataarbechter komme vu Lëtzebuerg, aus der Belsch, Frankräich an Däitschland.

Hiert gemeinsaamt Zil: zesumme schaffen, fir esouwuel de Bierger wéi och de Verwaltungen innovativ IT-Léisungen unzebidden.

Aktualiséiert