Gratis PCR-Tester fir Persounen déi sech net impfe loosse kënnen

Fir et Leit, déi sech net impfe loosse kënnen, no dem 15. September 2021 (Dag un deem de Large Scale Testing ausgelaf ass) ze erméiglechen, weiderhi vu gratis PCR-Tester ze profitéieren, huet de Regierungsrot de 17. September 2021 decidéiert, fir en neie geziilten Testprogramm mat "COVID-19 PCR-Test-Bongen" anzeféieren.

Ab dem 27. September, kënne folgend Persoune vun dëse Bonge profitéieren:

  • Kanner, déi a Lëtzebuerg wunnen an tëscht 6 an 11 Joer al sinn: si kréien automatesch 5 Bonge fir gratis PCR-Tester vum CTIE geschéckt. Et sief ze bemierken, dass dës Kanner schonn zweemol d'Woch an der Schoul getest ginn an an deem Kader och e Certificat kréien, deen am ganze Land benotzt ka ginn.
  • Persounen, déi a Lëtzebuerg wunnen, a medezinesch Konterindikatioune géint eng Impfung hunn: op Demande bei der Gesondheetsdirektioun via d'E-Mail-Adress covid19-pcr@ms.etat.lu, kréie si 5 Bonge fir gratis PCR-Tester o. D'Demande muss zesumme mat engem Attest vum Dokter verschéckt ginn.
  • Studenten, déi zu Lëtzebuerg wunnen a geimpft goufen, an déi een negatiivt Resultat vun engem PCR-Test brauche fir zeréck op d'Universitéit am Ausland ze reesen. Dës Bonge ginn iwwert d'ACEL verdeelt.

D'Bonge kënnen an allen zu Lëtzebuerg akkreditéierte Laboratoirë fir medezinesch Analysen (BioNext, Ketterthill, Laboratoires réunis) bis den 31. Dezember 2021 ageléist ginn. Op Grondlag vun de Bongen, déi effektiv benotzt goufen, stellen d'Laboratoiren d'Rechnung un d'Gesondheetsdirektioun aus.

Communiqué vum Staatsministère a vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert