"Staatlech Déngschtleeschtunge méi no beim Bierger": D'Stéphanie Obertin stellt déi nei Entwécklunge vu Guichet.lu a MyGuichet.lu vir

D'Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung, huet déi neisten Entwécklungen am Beräich vum eGovernment virgestallt. An dësem Kontext, huet si erkläert: "Déi neisten Entwécklungen op de Plattforme Guichet.lu a MyGuichet.lu ënnersträichen nach eemol d'Efforten, déi an d'Moderniséierung vun den ëffentlechen digitale Servicer, mee och an d'Inklusioun vun all eise Matbiergerinnen a Matbierger investéiert ginn."

Guichet.lu: eng nei Rubrik "Événements  de la vie"

D'Redaktiounsekipp vu Guichet.lu huet eng Rubrik "Événements de la vie" um Portal erstallt. Dës nei Rubrik, déi iwwert den Haaptmenü vum Portal zougänglech ass, vereinfacht de Benotzer vum Site nach eemol d'Sich no Informatiounen.

Fir déi ervirgehuewe Liewensetappen, fënnt de User elo op enger eenzeger Säit all relevant Informatiounen zu deem Theema. Am Fall vun enger Schwangerschaft, zum Beispill, liwwert dës Säit dann Informatiounen zu de wichtegsten administrativen Demarchen a féiert schrëttweis zu detailléierten Info-Fichë fir all eenzel Demarche.

Aktuell ginn an dëser Rubrik 10 Liewensofschnëtter ervirgehuewen. Am Laf vun den nächste Woche wäert dës Lëscht weider ausgebaut ginn.

MyGuichet.lu: de Video Rendez-vous als nei Optioun

Säit 2019 kann een iwwert de perséinleche Beräich op MyGuichet.lu Rendez-vous mat verschiddenen Administratiounen huelen. Obschonns et méiglech war den Datum vum Rendez-vous digital ze huelen, huet een sech misste perséinlech beim Rendez-vous presentéieren.

Vun elo un huet een op MyGuichet.lu och d'Méiglechkeet e Video Rendez-vous mat engem Staatsagent ze huelen. Déi éischt Administratioun déi dës Alternativ zum perséinleche Rendez-vous proposéiert ass den Helpdesk vu Guichet.lu.

Genau wéi beim perséinleche Rendez-vous, ass et an Zukunft méiglech fir all staatlech Entitéit e Video Rendez-vous ze froen. D'Gesondheetskeess wäert déi zweet Administratioun sinn, nom CTIE, déi och hire Clienten am Laf vun November dës Optioun ubidde wäert.

Déi nei geséchert Plattform déi de Video Rendez-vous erméiglecht ass d'Resultat vum Innovatioun-Partenariat "Virtual Meeting Room" vum GovTech Lab. Dëse Projet gouf am Kader vum Plan pour la reprise et la résilience (PRR) vun der Europäescher Unioun finanzéiert.

Guichet Accueil: eng ëffentlech Consultatioun fir Proximitéits-Guicheten

De physeschen Accueil vu Guichet.lu begleet haut schonn an der Stad-Lëtzebuerg d'Matbiergerinnen a Matbierger an hiren administrativen Demarchen an orientéiert si bei déi entspriechend ëffentlech Servicer. Am Kader vum Koalitiounsaccord huet d'Regierung sech engagéiert dës Servicer op aner Regiounen uechter d'Land ze erweideren.

Fir sécherzestellen dass dës dezentraliséiert Guicheten den Erwaardunge vun de Biergerinnen a Bierger entsprécht, huet de Ministère fir Digitaliséierung eng Ëmfro lancéiert fir d'Ureegunge vun de Matbierger ze sammelen. Dës Ëmfro leeft nach bis de 6. Dezember an ass ënner dräi Forme verfügbar:

  • als Online-Ëmfro um Portal Zesumme Vereinfachen, iwwert de Site www.guichetproximité.lu;
  • als Pabeier-Ëmfro, déi direkt bei Associatioune gefouert gëtt, wou digital Servicer manner genotzt ginn;
  • als Info-Stand op engen zwanzeg Eventer uechter d'Land, wou de Public d'Ëmfro digital oder op Pabeier ausfëlle kann. D'Datumer an Opdeelung vun dësen Info-Stänn kënnen op www.zesummendigital.lu consultéiert ginn.

De Public huet och d'Méiglechkeet de Ministère fir Digitaliséierung per Telefon um 247-72100 ze kontaktéiere fir en Exemplar vum Formulaire heemgeschéckt ze kréien.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung/ Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE)