Déi elektronesch Carte d’identité mam Gemalto-Kaartelieser benotzen

Uschafung vun engem Kaartelieser

Fir déi elektronesch Certificate vun der elektronescher Carte d’identité fir déi disponibel Applikatiounen ewéi MyGuichet.lu oder den E-Banking ze benotzen, musst Dir Iech e kompatibele Kaartelieser ouni Kontakt uschafen.

D’Kaartelieser gi verkaf:

De Präis ass 30 Euro pro Kaartelieser.

 


Download vun der Middleware

Et ass noutwendeg, e Logiciel – „Middleware genannt – um Computer, deen Dir benotzt, erofzelueden an ze installéieren.

Fir de gudde Fonctionnement, d’Qualitéit, d’Updaten an, wann néideg, d’Berücksichtegung vun de Verbesserungen a Verbindung mat der Middleware ze garantéieren, ass et recommandéiert, déi lescht disponibel Versioun vun der Middleware op Ärem Computer ze installéieren.

Download vun der Middleware: Middleware um Site vu LuxTrust

Wann de Logiciel bis op Ärem Computer installéiert ass, an esoubal ewéi déi elektronesch Carte d’identité vum Kaartelieser detektéiert ginn ass, erschéngt um Ecran d’Opfuerderung, de geheime Code (PIN-Code) anzeginn. Dëse Code gëtt all Benotzer, deen d’Aktivéierung vun den elektronesche Certificate vun senger Carte d’identité ugefrot huet, per Post matgedeelt.

 


Ännerung vum PIN-Code

Initiale PIN-Code

Bei Ärer éischter Verwendung gitt Dir gefrot, fir den initiale PIN-Code duerch e Code vun Ärem Choix ze ersetzen.

Dir gitt Äre geheime Code da bei all Authentifizéierungsdemande bei den Applikatiounen, op déi Dir wëllt zougräifen, un, oder fir en Dokument op eng elektronesch Manéier ze ënnerschreiwen.

Den neie PIN gëtt vun Iech ausgewielt, andeem Dir d’Consignen, déi op der rietser Säit stinn, respektéiert, an zwar datt:

  • en op d’mannst 6 Zifferen huet;
  • e manner ewéi oder genee 8 Zifferen huet;
  • en nëmmen aus Ziffere besteet;
  • en net d’selwecht ass ewéi dee leschte PIN-Code;
  • en net an der Lëscht vu schwaache PINe steet.

Opgepasst: Wann Dir Iech net méi un Äre PIN-Code erënnert, braucht Dir de PUK-Code, deen Iech mat dem initiale PIN-Code a mam „Challenge“ matgedeelt ginn ass.

Dir kënnt eng Demande maachen, fir de Courrier mam initiale PIN-Code a mam PUK-Code nach eng Kéier printen ze loossen. Dës Demande gëtt iwwer Telefon beim Helpdesk vu Guichet.lu gemaach. Weider Informatiounen iwwer déi praktesch Modalitéite vun der Demande fannt Dir am Erklärungstext op Guichet.lu.

PIN-Code

Fir Äre PIN-Code op engem Windows-Betribssystem ze änneren, musst Dir follgend Etappe befollegen:

  • Lancéiert d’Middleware „Classic Client Toolbox“ am Menü „Start“ – „Programs“ (All Programmer) – „Gemalto“.
  • Klickt op „Card Administration“ (Verwaltung vun der Carte d’identité).
  • Wielt „PIN Management“ aus.
  • Kräizt d’Feld „Change PIN“ (PIN änneren) un a klickt op d’Tast „Next“ (Nächst).
  • Verséchert Iech, datt den Opklappmenü „User“ uweist an net „Admin“, a gitt dann Äre „Current PIN“ (Aktuelle PIN) an.
  • Gitt en neie PIN an der Case „New PIN“ (Neie PIN) an.

Den neie PIN gëtt vun Iech ausgewielt, andeem Dir d’Consignen, déi op der rietser Säit stinn, respektéiert, an zwar datt:

  • en op d’mannst 6 Zifferen huet („must be at least 6 characters long“);
  • e manner ewéi oder genee 8 Zifferen huet („must be less than or equal to 8 characters long“);
  • en nëmmen aus Ziffere besteet („must contain only numeric characters“);
  • en net d’selwecht ass ewéi dee leschte PIN-Code („must not reuse last PIN code“);
  • en net an der Lëscht vu schwaache PINe steet („must not be in the weak PIN list“).

Dir musst den neie PIN, deen Dir braucht, fir Iech mat enger Applikatioun ze verbannen (zum Beispill: MyGuichet.lu) oder fir ze ënnerschreiwen, verhalen.

Gitt den neie PIN nach eng Kéier an der Case „Confirm New PIN“ (Neie PIN confirméieren) an.

Klickt op d’Tast „Change PIN“, fir d’Ännerung vum PIN-Code ze validéieren. Klickt op d’Tast „OK“, fir de PIN-Ännerungsprozess ofzeschléissen.

Sécherheetsrotschléi

E puer Rotschléi fir de Choix vun engem gudde PIN:

  • Evitéiert eng Zifferfolleg, déi liicht ze erroden ass, ewéi zum Beispill Äre Gebuertsdatum oder Är Telefonsnummer.
  • Evitéiert logesch (Ziffer-)Follgen, ewéi zum Beispill 123456 oder 102030.
  • Evitéiert, déi selwecht Ziffer e puer mol ze widderhuelen, ewéi zum Beispill 222888 oder 555555.
  • Evitéiert de Gebrauch vu repetitiven oder symmetresche Musteren, ewéi zum Beispill 010101 oder 456745.
  • Evitéiert de Gebrauch vu bekannten Zifferfollgen, ewéi zum Beispill 112112 oder 925925.

Fir d’Sécherheet vun Ärem Ekipement ze verstäerken, ass et immens wichteg:

  • datt Dir de PIN ni mat der Carte d’identité zesummeleet, well d’Persoun, déi d’Carte d’identité fënnt, dann och Äre PIN fënnt, fir se ze benotzen;
  • datt Dir de PIN ni un eng aner Persoun weidergitt: D’Carte d’identité mat Äre Certificaten ass strikt perséinlech a kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn.



Aktualiséiert