GouvID – D’App, fir Iech bei ëffentlechen Online-Servicer ze identifizéieren

Mat der App GouvID gëtt de Lëtzebuerger Staat dem Bierger d’Méiglechkeet, seng Lëtzebuerger elektronesch Carte d’identité (eID) zesumme mat sengem Smartphone ze benotzen, fir sech op engem PC oder engem Tablet bei verschiddenen ëffentlechen Online-Servicer, ewéi MyGuichet.lu, ze identifizéieren.

D’App GouvID erlaabt et och, Demarchen, déi eng elektronesch Ënnerschrëft erfuerderen, op MyGuichet.lu ze ënnerschreiwen.

 


Virdeeler vun der App GouvID

  • Ouni spezifesche Kaartelieser
    De Smartphone funktionéiert als Kaartelieser ouni Kontakt.
  • Ëmmer bei Hand
    D’Connexioun erfollegt dank der Carte d’identité an dem Smartphone vum Benotzer.
  • Einfach ze benotzen
    GouvID erlaabt et, déi biometresch Funktionalitéiten (Gesiichtserkennung, Fangerofdrock asw.) vum Smartphone ze benotzen, fir sech anzeloggen, ouni de PIN-Code vun der Carte d’identité mussen ze benotzen.

 


Wéi benotzt een d’App GouvID?

Fir GouvID ze benotzen, mussen déi elektronesch Certificate vum Titulaire senger Carte d’identité aktivéiert sinn. Dës Aktivéierung erfollegt, wann den Titulaire eng nei Carte d’identité ufreet.

Setzt Är Carte d’identité op GouvID bäi

Bei der éischter Verwendung musst Dir follgend Etappe befollegen:

  1. Luet d’App GouvID mat Ärem Smartphone iwwer den Apple App Store oder iwwer de Google Play Store erof.
  2. Maacht d’App op an tippt op „Ajouter un document“ (FR) / „Ein Dokument hinzufügen“ (DE) / „Add a document“ (EN).
  3. Scannt de maschinneliesbare Beräich (Machine Readable Zone - MRZ) mat der Kamera vun Ärem Smartphone. Et ka sinn, datt Dir der App musst erlaben, d’Kamera ze benotzen.
  4. Leet Äre Smartphone – ewéi um Bildschierm gewisen – op déi viischt Säit vun Ärer Carte d’identité, fir datt déi elektronesch Certificate kënne gelies ginn. Dëst kann e Moment daueren.
  5. Wann Dir déi elektronesch Certificate vun Ärer Carte d’identité fir d’éischte Kéier benotzt, da musst Dir elo de PIN-Code vun Ärer Carte d’identité, deen Iech per Post geschéckt ginn ass, aginn an dann en neie PIN-Code auswielen.
  6. Dir hutt elo d’Méiglechkeet, déi biometresch Funktionalitéite vun Ärem Smartphone fir d’Verwendung vun Ärer Carte d’identité ze aktivéieren. An deem Fall braucht Dir de PIN-Code vun Ärer Carte d’identité net méi, wann Dir GouvID wëllt benotzen. 

Benotzt d’App GouvID, fir Iech ze identifizéieren

Fir Iech mat der App GouvID ze identifizéieren, musst Dir follgend Etappe befollegen:

  1. Leet Äre Smartphone an Är Carte d’identité prett.
  2. Wielt d’Optioun GouvID op der Connexiounssäit vum ëffentlechen Online-Service, wéi zum Beispill MyGuichet.lu, déi um Ecran vun Ärem Computer ugewise gëtt.
  3. E QR-Code gëtt ugewisen.
  4. Maacht d’App GouvID op Ärem Smartphone op.
  5. Tippt opScanner un code QR“ (FR) / „QR-Code scannen“ (DE) / „Scan a QR code“ (EN).
  6. Scannt de QR-Code, deen um Ecran vun Ärem Computer, Laptop oder Tablet ugewise gëtt, mat Ärem Smartphone.
  7. Benotzt déi biometresch Funktionalitéit, wann se aktivéiert ass, oder, wann dat net de Fall ass, gitt elo de PIN-Code vun Ärer Carte d’identité an.
  8. Leet Äre Smartphone – ewéi um Bildschierm gewisen – op déi viischt Säit vun Ärer Carte d’identité, fir datt d’Certificate vun der Carte d’identité kënne gelies ginn. Dëst kann e Moment daueren.
  9. Wann Dir Iech fir d’éischte Kéier mat GouvID bei engem ëffentlechen Online-Service aloggt, gitt Dir gefrot, fir Iech unzemellen. Dir kritt eng E-Mail op d’Adress, déi Dir ugitt.  
  10. Confirméiert Är Umeldung, andeem Dir op de Link klickt, deen Dir per E-Mail krut. Dir musst Iech op en Neits mat GouvID identifizéieren.

Är Umeldung op der Plattform ass confirméiert an Dir kënnt Iech vun elo u mat GouvID aloggen

Ëffentlech Servicer mat GouvID-Authentifizéierung

Den Ament kann een sech mat der Applikatioun GouvID bei follgende Servicer umellen:

  • MyGuichet.lu;
  • eCDF;
  • d’Applikatioune vun de Luxembourg Business Registers.

 


Konditioune fir d’Benotze vun der App GouvID

Fir vun der Applikatioun ze profitéieren, muss de Benotzer Follgendes hunn:

  • e kompatibele Multimedia-Outil, nämlech e Smartphone, deen e Fotoapparat, en NFC-Lieser, deen Tagge vum Typ ISO7816 ka liesen, an de Betribssystem iOS 13.0 oder Android 5.0 respektiv eng vun all de méi aktuelle Versiounen huet;
  • en Internetaccès;
  • e Clientskont op der Plattform „Apple App Store“ oder „Google Play Store“.

Aktualiséiert