Aktualiséiert den
GouvCheck – iwwerpréift, ob en offiziellt Dokument echt ass
Firwat ass GouvCheck gutt?
Mat GouvCheck kann ee gratis an an Echtzäit mat engem am Dokument integréierte QR-Code iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument, dat zu Lëtzebuerg ausgestallt gouf, echt ass.
Wéi benotzt een d’App GouvCheck?
Jidderee kann iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument mat engem -QR-Code echt ass.
En offiziellt Dokument ze iwwerpréiwen, ass einfach:
- Dir luet d’App mat Ärem Smartphone oder Tablet am Google Play Store oder Apple App Store erof.
- Dir maacht d’App op Ärem Smartphone oder Tablet op.
- Dir scannt de QR-Code vum Dokument, vun deem Der wëllt wëssen, ob et echt ass.
- D’App weist Iech un, ob de QR-Code valid ass, an Dir iwwerpréift, ob d’Donnéeën, déi um Dokument stinn, déi selwecht sinn ewéi déi, déi an der App gewise ginn.
Et ass also net méiglech, ze fuddelen, andeem e falsche QR-Code um Dokument benotzt gëtt.
Opgepasst: GouvCheck erlaabt Iech, ze iwwerpréiwen, ob en Dokument echt ass, mee kann d’Dokument selwer net ersetzen.
Fir wien ass d’App geduecht?
D’App ka vun all Persoun benotzt ginn, déi wëllt iwwerpréiwen, ob en offiziellt Dokument, dat vun enger Administratioun ausgestallt gouf, echt ass. Se ass gratis.
Wat fir eng Dokumenter si betraff?
Op all Dokument, dat mat der App kann iwwerpréift ginn, ass e QR-Code, dee mam Logo vu gekennzeechent ass:
- Certificat vun der Registréierung als UAS-Bedreiwer
- Certificat vun der Deklaratioun/vum Opléise vun enger Partnerschaft
- Provisoresche Steiercertificat
- Automotive liability coverage notification
- Baugeneemegung
- Autorisation d’établissement
- Autorisatioun, fir d’Rout Placken ze benotzen
- Ministeriell Autorisatioun fir en aussergewéinlechen Transport (Transport exceptionnel)
- Connectivitéitsbong
- Bordereau betreffend d’Iwwerdroung vun enger Démarche mat Authentifizéierung op MyGuichet.lu
- Certificat vun der Referenzadress
- Certificat d’affiliation
- Authentizitéitscertificat vun engem Lëtzebuerger Fürerschäin
- Certificat vun der Aschreiwung op d’Wielerlëschten
- Presenzecertificat fir d’Université populaire Lëtzebuerg
- Certificat de résidence
- Erweiderte Certificat de résidence
- Certificat de revenus
- Certificat de scolarité
- Certificat de vie
- Certificat vum Contrat d’accueil et d’intégration
- Digitale COVID-Certificat (no der Impfung)
- Certificat – Entdeckt d’Groussherzogtum Lëtzebuerg
- Certificat vum Programm vum interkulturellen Zesummeliewen
- Certificat renseignant sur la masse salariale
- Certificat iwwert d’Zuel vun de beschäftegte Salariéen
- Certificat, dee fir de Verkaf, den Akaf an d’Gebrauche vu phytopharmazeutesche Produiten néideg ass
- Demande, fir eng Chassisnummer ze iwwerschreiwen
- Extrait aus dem Casier judiciaire
- Fiche fir d’Réception individuelle
- Järleche Juegdschäin
- Fëscherpermis
- Permission de voirie
- Preuve de paiement fir e Pass
- Preuve de paiement fir eng Carte d’identité
- Konformitéitsvignette
Wat sinn d’Virdeeler vum GouvCheck?
Echtheet | Integritéit | Iwwerpréiwen an Echtzäit |
---|---|---|
D’Dokument gouf vun enger offizieller Instanz ausgestallt. Et huet eng gesetzlech Valeur. | D’Informatiounen, déi um Dokument stinn, goufen net geännert. | D’Dokument ka jidderzäit iwwerpréift ginn, ouni datt dofir eng Internetverbindung néideg wier. |
Wat ass e QR-Code?
E QR-Code erlaabt et, encodéiert Informatiounen duerzestellen, fir datt se kënne vun elektroneschen Apparaten ewéi Smartphonen an Tablette gelies a vun enger App ausgewäert ginn.
Fir de GouvCheck-QR-Code auszewäerten, deen unhand vum Logo vu einfach ze erkennen ass, braucht Dir:
- e Smartphone oder en Tablet mat Fotoapparat; an
- d’mobil Applikatioun GouvCheck, déi am Google Play Store oder am Apple App Store kann erofgeluede ginn.