Applikatioun GouvCheck

Accessibilitéitsdeklaratioun GouvCheck

D’Organ „Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat“ verflicht sech derzou, seng mobil Applikatiounen accessibel ze gestalten, konform mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwer d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a vun de mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Deklaratioun iwwer d’Accessibilitéit bezitt sech op d’Applikatioun GouvCheck:

Wat ass déi digital Accessibilitéit?

Jiddweree muss op eng einfach Manéier kënnen d’Informatiounen, déi op enger Websäit oder an enger Applikatioun stinn, benotzen an ofruffen, besonnesch déi Persounen, déi eng Behënnerung hunn an/oder eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material benotzen (Persounen, déi blann sinn, schlecht gesinn oder en aneren Handicap hunn).

Konformitéitsstatut

Dës mobil Applikatioune sinn deelweis konform mat der europäescher Norm EN 301 549 souwéi mam Referenzwierk fir d’Bewäertung vun der Accessibilitéit fir mobil Applikatiounen (RAAM) v1, dat dës Norm implementéiert, dëst opgrond vun den Elementer, déi heidrënner opgezielt sinn.

Net-accessibelen Inhalt

Déi hei opgelëschten Inhalter sinn aus follgendem Grond/follgende Grënn net accessibel:

Net-Konformitéiten

  • D’Logoen hu keng pertinent Alternativ.
  • Op iOS kann d’Säit mat de Resultater net korrekt vu VoiceOver gelies ginn.
  • Op iOS huet d’Ikon „Informatioun“ uewe lénks vum Ecran keen Titel.
  • Déi extern Linken (besonnesch d’Geschäftsbedéngungen an „à propos“) ginn am Browser op, ouni datt dëst dem User ugekënnegt gëtt.
  • Op Android kann d’Vergréisserung vun der Schrëftgréisst bis op 150 % benotzt ginn. Op iOS si vereenzelt Labelen am Zoom op 200 % ofgeschnidden.

Inhalter, op déi d’Gesetz vum 28. Mee 2019 sech net applizéiert

Keen

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun

Dës Deklaratioun gouf den 12. Juli 2021 virbereet. D’Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dëser mobiller Applikatioun mat den Ufuerderungen, déi am RAAM 1 fixéiert sinn, wéi zum Beispill eng Evaluatioun vun engem Drëtten: Témésis.

Déi lescht Reevaluatioun vun der Deklaratioun war de 25. Januar 2022.

Feedback a Kontakt

  • schrëftlech, an engem Dokument oder enger E-Mail;
  • mëndlech, an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozedur, déi et erlaabt, d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherzestellen

Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire, oder d’Ombudspersoun, de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.


Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun (© Europäesch Unioun, 1998-2020) a gëtt ënner enger „Creative Commons Attribution 4.0 International“-Lizenz verëffentlecht.

Aktualiséiert