Attributiounen
Den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) ass déi lëtzebuergesch Verwaltung, déi zoustänneg ass fir d’IT-Servicer vun der Regierung, de Ministèren an de Lëtzebuerger Verwaltungen. En offréiert eng breet gefächert Offer u Servicer fir seng Clienten bei der ëffentlecher Verwaltung.
Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“
D’Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“ leet déi wichtegst Elementer fest fir eng erfollegräich digital Transitioun vum Staat fest. Si huet als Zil, héichwäerteg Online-Servicer fir d’Bierger an e progressiven Iwwergang op eng digital Verwaltung, wéi se vun den internationalen Instanze recommandéiert gëtt, sécherzestellen.
-
Einfachen Accès op den elektronesche Gesondheetsdossier
MyGuichet.lu annoncéiert dass ee vun elo u säin eSanté Konto online op MyGuichet.lu aktivéiere kann, an esou direkt op de perséinleche Patientendossier (Dossier de soins partagé, DSP) zougräife kann. Den Zougang mécht sech iwwert eng interaktiv a geséchert Plattform vum Lëtzebuerg Staat.
-
"Staatlech Déngschtleeschtunge méi no beim Bierger": D'Stéphanie Obertin stellt déi nei Entwécklunge vu Guichet.lu a MyGuichet.lu vir
D'Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung, huet déi neisten Entwécklungen am Beräich vum eGovernment virgestallt.
Aktualiséiert den