Aktualiséiert den
Strategie fir eng digital Verwaltung 2026-2030
Kontext a strategesch Kontinuitéit
D'Strategie "Gouvernement numérique 2026-2030", déi gemeinsam vum Ministère fir Digitaliséierung an dem Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) elaboréiert ginn ass, ass de 17. Dezember 2025 vum Regierungsrot approvéiert ginn. Dës Strategie markéiert eng nei Etapp am digitale Wandel vu Lëtzebuerg. Si ass eng Weiderféierung vun der Strategie "Gouvernement numérique 2021-2025", déi sech drop konzentréiert huet, eng méi digital Administratioun an héichwäerteg ëffentlech Déngschtleeschtungen unzebidden, andeems Schlësselprinzipie wéi "Once Only", "Digital by Default", Interoperabilitéit, Standardiséierung, Oppenheet an Transparenz agefouert goufen.
Een interministeriellt a gemeinsamt Ausschaffen
D'Entwécklung vun der Strategie "Gouvernement numérique 2026-2030" baséiert op engem kollaborativen Prozess, un deem all d‘Ministèren deelgeholl hunn, an huet en "whole-of-government"-Usaz ugewannt. Dëse partizipativen Usaz huet et erméiglecht, d'spezifesch Besoinen an Erwaardungen vun all Ministère ze sammelen, watd'kollektivt Droen vun der Strategie souwéi eng gemeinsamer Visioun gestäerkthuet.
Upassung un nationale Richtlinnen
D'Strategie ass alignéiert mat den nationale Strategien a Richtlinnen, déi aktuell an de Beräicher Donnéeën, kënschtlech Intelligenz an nei Technologien, Talenter an digitaler Inklusioun ëmgesat ginn, fir d'Kohärenz an d'Harmoniséierung mat de laafenden Initiativen ze garantéieren.
Prinzippien vun der Digitaler Verwaltung 2026-230
D'Strategie baséiert op staarken Prinzippien, déi den digitale Wandel vum ëffentlechen Secteur leeden:
Zesummenaarbecht, Kompetenzen a Talenter
D'Digitalkompetenze vun de Beamten stäerken an Expertise fërderen.
Digital by Default
Een Online-Zougang zu all den ëffentlechen Déngschter garantéieren.
Nohaltegkeet a Effizienz
D'technologesch Schold reduzéieren a verantwortlech digital Methoden adoptéieren.
Zouverlässegkeet, Sécherheet a Souveränitéit
Kritesch Donnéeën, Technologien an Infrastrukture schützen.
Flexibilitéit an Upassungsfäegkeet duerch Innovatioun
Inklusioun an Accessibilitéit
All Bierger e gerechten an accessibelen Zougang ubidden.
Once Only, Interoperabilitéit, Standardiséierung
Den administrativen Opwand reduzéieren, andeems d'Widderhuelung vu scho geliwwerten Informatiounen évitéiert gëtt an eng effikass Kommunikatioun tëscht den ëffentleche Systemer erméiglecht gëtt.
D'Prinzippien definéieren d'Visioun vun der Strategie. Fir dës Visioun z'erreechen, ass d'Strategie ronderëm Ziler strukturéiert, déi dës Wäerter a kloer Richtlinnen iwwersetzen. Hire But ass: d'Digitaliséierung, d'Souveränitéit, d'Inklusioun, d'Nohaltegkeet an d'Entwécklung vun de Kompetenzen ze stäerken, fir en héich performanten an resilienten digitalen Ökosystem opzebauen.
Viséiert Ziler
Dës Prinzippien drécken sech a fënnef strategesch Ziler aus, déi all zur digitaler Transformatioun vum Staat bäidroen:
Digitaliséierung vun G2C- a G2B-Interaktiounen
D'Relatiounen tëscht dem Staat an de Bierger an de Betriber iwwer MyGuichet.lu/Guichet.lu verbesseren, duerch eng end-to-end digital Interaktioun, duerch op Donnéeë baséiert Servicer, duerch eng sécher digital Identitéit (z. B. EUDI Wallet) an duerch en inklusiven a multi-kanälegen Usaz.
Intern Digitaliséierung (G2G)
D'administrativ Prozeduren harmoniséieren a standardiséieren, d'Interoperabilitéit stäerken an op gemeinsam Infrastrukturen a Servicer zeréckgräifen, wärend Entscheedungskompetenzen entwéckelt ginn, déi op der intelligenter Notzung vun Donnéeë baséieren.
Digital Souveränitéit a Sécherheet
Et muss een iwwert di national Cloudservicer erausgoen. D'Souveränitéit bei Donnéeën, Technologie an Infrastruktur stäerken, de Respekt vu legalen an inklusiven Ufuerderunge garantéieren an d'Sécherheet verbesseren, sinn och wichteg Dimensiounen.
Kompetenzen an Talenter
Weiderbildungen ënnerstëtzen, d'Deele vu Best Practices encouragéieren, digitale Leadership stäerken an d'Zesummenaarbechten tëscht den Administratiounen fërderen.
Nohaltegkeet
Ressourcë bündelen, technologesch Schold reduzéieren an d'Reutilisatioun vun IT-Material prioriséieren.