Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“

©Adobe Stock Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“
Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“

Aleedung

D’Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“, gemeinsam entwéckelt vum Ministère fir Digitaliséierung an dem Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE), gouf ugangs 2021 vum Regierungsrot ugeholl.

Eng vun de strategeschen Achse vum Ministère fir Digitaliséierung verfollegt als Zil, den E-Government ze stäerken an den Iwwergang op den Digital Government ze erméiglechen. Dëst Konzept bezitt sech op den Asaz vun Technologien am Kader vun de Strategië fir d’Moderniséierung vum Staat an ass dorop ausgeriicht, eng reell Plus-value fir d’Bierger, d’Betriber an d’ëffentlech Verwaltungen ze schafen.

Als e Bestanddeel vun dëser Approche leet d’Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“ déi wichtegst Elementer fir eng erfollegräich digital Transitioun vum Staat fest, déi als Zil huet, héichwäerteg Online-Servicer fir d’Bierger an e progressiven Iwwergang op en Digital Government, wéi vun den internationalen Instanze recommandéiert, sécherzestellen.

Héichwäerteg ëffentlech Online-Servicer

D’Strategie 2021-2025 hieft Grondsätz ervir, déi bei der Digitaliséierung vun den ëffentleche Servicer anzehale sinn, fir de Bierger an de Betriber ëffentlech Déngschter unzebidden, déi hire Besoinen entspriechen. D’Zil ass et, eng transversal digital Accessibilitéit ze fërderen, notzerzentréiert Servicer ze entwéckelen, attraktiv ëffentlech Online-Servicer unzebidden an an d’Vertraue vun de Bierger an d’staatlech Online-Servicer ze investéieren.

A Richtung vun enger zu 100 % digitaler Verwaltung

D’Strategie analyséiert dann, wéi eng Bedéngunge fir d’ëffentlech Zentralverwaltung indispensabel sinn, fir effikass op d’Besoine vun der Gesellschaft äntweren ze kënnen. Déi wichtegst Ziler am digitale Kontext bestinn doran, den Iwwergang zu enger effikasser, pabeierfräier Verwaltung ze erliichteren an en IT-Ëmfeld ze schafen, dat nei Aarbechtsmethoden ënnerstëtzt. Des Weideren hieft d’Strategie ervir, wéi wichteg et ass, sech op e kompetenten, agilen an zouverlässegen zentrale Partner am IT-Beräich verloossen ze kënnen. Fir dëst Zil ze erreechen, wëll de CTIE seng Digitaliséierungsservicer ausbauen, Spëtzeninfrastrukturen entwéckelen an e konstant héijen Niveau u Sécherheet an Zouverlässegkeet garantéiere kënnen.

Déi 6 Grondsätz fir d’Entwécklung vun enger effikasser digitaler Verwaltung

6 Schlësselgrondsätz leeden an ënnerstëtzen d’Digitaliséierung vun den ëffentleche Servicer a garantéieren ëffentlech Online-Déngschter, déi de Besoine vun der Gesellschaft entspriechen: Once Only, Digital by Default, Inklusioun an Accessibilitéit, Oppenheet an Transparenz, Zouverlässegkeet a Sécherheet, Interoperabilitéit a Standardiséierung. Op der Basis vun dëse 6 Grondsätz gi konkret Aktiounen an Initiativen deklinéiert, fir d’ëffentlech Verwaltung zu Lëtzebuerg bei hirem digitale Wandel ze begleeden.

D’Grondsätz Once Only, Digital by Default an Transparenz sinn zanter 2015 an der Lëtzebuerger Regierungsstrategie verankert. D’Strategie 2021-2025 füügt 3 nei Grondsätz derbäi: Inklusioun an Accessibilitéit, Zouverlässegkeet a Sécherheet an Interoperabilitéit. De Grondsaz vun der Interoperabilitéit gëtt mam Aspekt Standardiséierung ergänzt.

Once Only

D'ëffentlech Verwaltung benotzt konsequent déi Donnéeën, déi si schonn eng Kéier vun engem Bierger oder engem Betrib gefrot huet, fir esou einfach a rapid Demarchen unzebidden an d'Qualitéit vun den Donnéeën ze verbesseren, déi d'Grondlag fir effikass Servicer op d'Mooss duerstellen. Dës Weiderverwendung ass awer un d'Bedéngung gebonnen, datt de Bierger oder de Betrib sech ausdrécklech mat dësem Grondsaz averstanen erkläert huet.

Digital by default

D'ëffentlech Verwaltung wäert schlussendlech fir all hir Servicer eng elektronesch Alternativ ubidden. Duerch d'Dematerialiséierung vun hiren interne Fluxe kréien d'Verwaltunge verbessert Kenntnisser vun den Dossieren a kënne se entspriechend méi effikass beaarbechten.

Inklusioun an Accessibilitéit

D'Beméiunge sinn dorop zentréiert, de Mënsch, seng Kompetenzen a seng Besoinen an de Mëttelpunkt ze stellen, fir verbessert ëffentlech Servicer ubidden ze kënnen, déi fir jiddwereen online accessibel sinn, onofhängeg dovun, wou ee sech befënnt, wéi e Kompetenzniveau een huet a wéi eng Outile benotzt ginn.

Oppenheet an Transparenz

Den direkten Dialog mat de Bierger an de Betriber gëtt verstäerkt, fir duerch d'Abannung vun de Bierger an den technologeschen Austausch mam Privatsecteur innovativ Servicer ubidden ze kënnen.

Zouverlässegkeet a Sécherheet

De Staat garantéiert, datt d'Interaktioun vun de Bierger a vun de Betriber mat den ëffentlechen Autoritéiten an engem gesécherten, zouverlässegen Ëmfeld an am Aklang mat de gültege gesetzlechen Norme stattfanne kann. D'Bierger an d'Betriber profitéieren dobäi vun engem Héchstmooss un Dateschutz a qualitativ héichwäertegen an héichverfügbaren Online-Servicer.

Interoperabilitéit a Standardiséierung

D'Informatiksystemer vum Staat mussen ënnertenee kompatibel sinn an den Datenaustausch souwuel tëschent Organisme vum ëffentleche Secteur wéi och tëschent dem ëffentleche Secteur an dem Privatsecteur fërderen, dat Ganzt am Respekt vun de privaten Donnéeën. D'Verwaltunge profitéiere vun enger besserer Qualitéit vun den Donnéeën, vun dematerialiséierten a kollaborativen organisatoresche Fluxen a vun Agilitéit fir nei Servicer ze entwéckelen.

Aktualiséiert