Aktualiséiert den
eID – Déi lëtzebuergesch elektronesch Carte d’identité
Déi national Carte d’identité ass den administrative Beweis vun der Identitéit a vun der Nationalitéit vun hirem Titulaire.
De Besëtz vun enger Carte d’identité ass obligatoresch fir all Persoun, déi déi lëtzebuergesch Nationalitéit huet an:
- op d’mannst 15 Joer al ass; an
- an enger lëtzebuergescher Gemeng wunnt.
Fir all Persoun ënner 15 Joer ass d’Carte d’identité net obligatoresch: Si gëtt op Ufro vun engem Elterendeel, deen d’Autorité parentale huet, ausgestallt. Fir d’Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, ass d’Carte d’identité fakultativ.
Visuellen Aspekt an agedroen Donnéeën
Lëtzebuergesch Carte d’identité, déi vum 2. August 2021 un ausgestallt gëtt
D’Carte d’identité ëmfaasst follgend Elementer:
- op der viischter Säit:
- den Numm, an op Demande vum Titulaire, den Numm vum liewegen oder verstuerwene Conjoint;
- de Virnumm oder déi éischt 2 oder 3 Virnimm;
- d’Nationalitéit;
- de Gebuertsdatum;
- d’Geschlecht;
- den Datum, wéini d’Carte d’identité ofleeft;
- den Numm an d’Nummer vun der Carte d’identité;
- eng digital Foto vum Titulaire;
- déi gescannten Ënnerschrëft vum Titulaire;
- d’Symbol, dat d’Konformitéit vun der Carte d’identité mat den ICAO-Standarde vun de Reesdokumenter attestéiert;
- op der Récksäit:
- den Datum, wéini d’Carte d’identité ausgestallt gouf, an den Uert, wou se ausgestallt gouf;
- den Numm an déi gescannten Ënnerschrëft vum Inneminister;
- Informatiounen, déi elektronesch kënne gelies ginn (machine readable zone).
D’Carte d’identité ëmfaasst och follgend elektronesch Donnéeën:
- déi national Identifikatiounsnummer (Matricule mat 13 Zifferen) vum Titulaire;
- d’Certificate fir d’Authentifizéierung a fir déi elektronesch Ënnerschrëft esou wéi déi privat Schlësselen, déi zu dëse Certificate gehéieren;
- eng Foto vum Titulaire sengem Gesiicht;
- déi gescannten Ënnerschrëft vum Titulaire;
- 2 digital Fangerofdréck vum Titulaire, wann en 12 Joer oder méi al ass.
Dës Donnéeë sinn duerch kryptografesch Sécherheetsmechanisme wéi BAC (Basic Access Control), SAC (Supplemental Access Control) an EAC (Extended Access Control) geschützt, déi vun der Internationaler Organisatioun fir d’zivil Aviatioun (ICAO) definéiert ginn.
Lëtzebuergesch Carte d’identité, déi virum 2. August 2021 ausgestallt gouf
D’Carte d’identité ëmfaasst follgend Elementer:
- op der viischter Säit:
- den Numm, an op Demande vum Titulaire, den Numm vum liewegen oder verstuerwene Conjoint;
- de Virnumm oder déi éischt 2 oder 3 Virnimm;
- d’Nationalitéit;
- de Gebuertsdatum;
- d’Geschlecht;
- den Datum, wéini d’Carte d’identité ofleeft;
- den Numm an d’Nummer vun der Carte d’identité;
- eng digital Foto vum Titulaire;
- déi gescannten Ënnerschrëft vum Titulaire;
- d’Symbol, dat d’Konformitéit vun der Carte d’identité mat den ICAO-Standarde vun de Reesdokumenter attestéiert;
- op der Récksäit:
- den Datum, wéini d’Carte d’identité ausgestallt gouf, an den Uert, wou se ausgestallt gouf;
- den Numm an déi gescannten Ënnerschrëft vum Inneminister;
- Informatiounen, déi elektronesch kënne gelies ginn (machine readable zone).
D’Carte d’identité ëmfaasst och follgend elektronesch Donnéeën:
- d’Certificate fir d’Authentifizéierung a fir déi elektronesch Ënnerschrëft esou wéi déi privat Schlësselen, déi derzougehéieren;
- eng net codéiert Foto vum Titulaire sengem Gesiicht;
- déi national Identifikatiounsnummer.
Dës Donnéeë sinn duerch kryptografesch Sécherheetsmechanisme geschützt.
Administrativ Demarchen
Eng Carte d’identité ufroen
Residenten
Residente froen hir Carte d’identité bei follgenden Organer un:
- bei der Gemengeverwaltung vun hirem gewéinleche Wunnuert; oder
- beim Accueil vu Guichet.lu.
Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer d’Modalitéite vun der Demande fir Residenten.
Net-Residenten
Net-Residente mussen hir Carte d’identité bei follgenden Organer ufroen:
- beim Accueil vu Guichet.lu; oder
- bei enger diplomatescher oder konsularescher Vertriedung vu Lëtzebuerg am Ausland.
Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer d’Modalitéite vun der Demande fir Net-Residenten.
Eng Deklaratioun vum Verloscht, Déifstall oder vun der Zerstéierung vun der Carte d’identité maachen
All Titulaire vun enger Carte d’identité, deen de Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung dovu feststellt, muss esou séier ewéi méiglech eng Deklaratioun bei der Police maachen. Dës Deklaratioun kann entweeder online, iwwer d’Plattform MyGuichet.lu, oder perséinlech bei engem Kommissariat vun der Police gemaach ginn. D’Persoun, déi d’Deklaratioun mécht, kritt eng Attestatioun.
Parallel zu der Deklaratioun bei der Police muss den Titulaire och follgend Organer informéieren:
- d’Gemengeverwaltung vu sengem gewéinleche Wunnuert; oder
- den Accueil vu Guichet.lu; oder
- wann en am Ausland ass, déi concernéiert diplomatesch oder konsularesch Vertriedung;
fir d’Suspensioun vun den elektronesche Certificaten a vun der Carte d’identité unzefroen.
Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer de Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung vun der Carte d’identité.
Déi elektronesch Certificaten
Op senger Carte d’identité huet de Benotzer 2 Certificaten:
- e Certificat fir d’Ënnerschrëft, mat deem hie seng Dokumenter an Transaktiounen online elektronesch ënnerschreiwe kann. Sou huet hien d’Garantie, eng qualifizéiert elektronesch Ënnerschrëft ze hunn, déi dee selwechte juristesche Wäert huet wéi eng handschrëftlech Ënnerschrëft;
- e Certificat fir d’Authentifizéierung, mat deem hie sech einfach op ville staatlechen a privaten Online-Applikatioune mat engem maximale Sécherheetsniveau alogge kann.
Déi elektronesch Certificate kënne benotzt ginn:
- mat der mobiller App GouvID, fir sich bei staatlechen ëffentleche Servicer ze authentifizéieren; oder
- mat engem kompatibele Kaartelieser ouni Kontakt, fir sech bei (nationalen an auslänneschen) staatlechen ëffentleche Servicer a bei bestëmmte lëtzebuergesche Banken ze authentifizéieren.
Aktivéierung vun de Certificaten
Fir sech authentifizéieren an elektronesch ënnerschreiwen ze kënnen, muss den erwuessenen Titulaire d’Aktivéierung vun den elektronesche Certificaten zesumme mat senger Carte d’identité ufroen. Hie muss onbedéngt:
- eng E-Mail-Adress uginn, op der e ka kontaktéiert ginn; an
- déi Allgemeng Konditioune fir d’Benotze vun de Certificaten (PDF, 418 KB) acceptéieren.
Fir mannerjäreg Persounen, déi op d’mannst 15 Joer al sinn, kënnen d’Certificaten op Demande vun enger vun de follgende Persounen aktivéiert ginn:
- engem Elterendeel, deen d’Autorité parentale huet; oder
- dem gesetzlechen Tuteur.
Den Elterendeel oder gesetzlechen Tuteur ënnerschreift och d’Demande fir d’Aktivéierung vun de Certificaten, genee wéi d’Unhuele vun den Allgemenge Konditioune fir d’Benotze vun de Certificaten (PDF, 418 KB). An dësem Fall mussen den Titulaire vun der Carte d’identité a säin Elterendeel / gesetzlechen Tuteur:
- de Recepissé vun der Demande ënnerschreiwen;
- eng E-Mail-Adress uginn, op der eng vun dësen 2 Persoune ka kontaktéiert ginn.
Bei de Carte-d’identitéen, déi u mannerjäreg Persounen ënner 15 Joer an un onmündeg Erwuessener ausgestallt ginn, kënnen dës Certificaten net aktivéiert ginn.
Den Titulaire kritt mat der Post e Courrier mam PIN- a mam PUK-Code a mat den néidegen Uweisunge geschéckt, fir déi elektronesch Certificaten ze aktivéieren. Dëst Dokument muss op enger sécherer Plaz versuergt ginn.
Bei der éischter Verwendung vun de Certificate muss den Titulaire den initiale PIN-Code, deen hie mat der Post geschéckt krut, duerch e PIN-Code vu sengem Choix ersetzen.
Neiprinte vum Courrier mam PIN- a mam PUK-Code
Am Fall vum Verloscht oder der Zerstéierung vum Courrier mam initiale PIN-Code a mam PUK-Code kann den Titulaire froen, fir dësen nach eng Kéier printen ze loossen.
Weider Informatiounen iwwer déi praktesch Modalitéite vun der Demande fannt Dir am Erklärungstext op Guichet.lu.
Suspensioun, Reaktivéierung a Widderruff vun de Certificaten
En Titulaire vun enger aktivéierter Carte d’identité kann zu all Moment d’Suspensioun, d’Reaktivéierung an de Widderruff (dat heescht déi endgülteg Desaktivéierung) vu senge Certificaten ufroen.
D’Suspensioun oder de Widderruff vun de Certificate fir d’Authentifizéierung a fir d’Ënnerschrëft huet keen Afloss op d’Gültegkeet vun der Carte d’identité.
Suspensioun
D’Suspensioun vun de Certificate ka gemaach ginn:
- iwwer Telefon um (+352) 24 550 550 (Service 24/7); oder
- sur place beim Accueil vu Guichet.lu; oder
- online:
Reaktivéierung
D’Reaktivéierung vun engem suspendéierte Certificat ka gemaach ginn:
- sur place beim Accueil vu Guichet.lu; oder
- online:
Widderruff
De Widderruff vun de Certificate ka gemaach ginn:
- iwwer Telefon um (+352) 24 550 550 (Service 24/7); oder
- sur place beim Accueil vu Guichet.lu; oder
- online:
Opgepasst: De Widderruff vun engem Certificat ass endgülteg.
Expiratioun vun de Certificaten
Déi elektronesch Certificate lafen no 5 Joer ab hirer Aktivéierung of. Duerno kënne se net méi reaktivéiert ginn. Är Carte d’identité bleift awer weiderhin als Identitéits- a Reesdokument gülteg.
Wann Dir erëm en elektronesche Certificat benotze wëllt, musst Dir eng nei Carte d’identité ufroen.
Ännerung vun der E-Mail-Adress, op der ee ka kontaktéiert ginn
Persounen, déi no der Aktivéierung vun den elektronesche Certificaten hir E-Mail-Adress änneren oder mierken, datt déi erfaassten E-Mail-Adress net richteg ass, kënne bei LuxTrust eng Ännerung vun der E-Mail-Adress ufroen (kuckt bei „Services en ligne et formulaires“). Dofir musse se mam entspriechenden ausgefëllte Formulaire an engem Identitéitsdokument op de Siège vu LuxTrust goen. Duerno kréie se dann d’Notifikatiounen am Zesummenhang mat hirer eID op eng gülteg Adress geschéckt.