FAQ

Carte d’identité

Ersetzt GouvID d’Carte d’identité? Huet se e legale Wäert bei enger Kontroll?

Nee, GouvID ersetzt d’Carte d’identité net. Se erlaabt Iech, déi elektronesch Certificate vun Ärer Carte d’identité ze benotzen, fir Iech bei engem ëffentlechen Online-Service ze identifizéieren.

Déi elektronesch Certificaten op menger Carte d’identité sinn net aktivéiert. Wat muss ech maachen?

Déi elektronesch Certificate musse bei der Demande fir eng nei Carte d’identité aktivéiert ginn.

Déi elektronesch Certificaten op menger Carte d’identité verléiere geschwënn hir Gültegkeet. Wat muss ech maachen?

Dir kënnt Är Carte d’identité erneieren. Dës Demande ass gratis, wann Dir de Bréif, deen Iech doriwwer informéiert, datt Är Certificate geschwënn oflafen, presentéiert.

Et kann awer sinn, datt Gemengesteieren ufalen. 

Verloscht oder Déifstall

Ech hu mäi Smartphone verluer oder geklaut kritt. Muss ech eppes Spezifesches ënnerhuelen?

Nee, Ouni d’Carte d’identité ass et net méiglech, d’App GouvID ze benotzen, fir sech ze identifizéieren.  

Mir recommandéieren Iech:

  • Äre Smartphone an Är Carte d’identité ni op déi selwecht Plaz zesummenzeleeën; an
  • den Accès op Äre Smartphone mat de Sécherheets-Funktionalitéiten, ewéi zum Beispill déi biometresch Funktionalitéiten, ofzesécheren.

Wann Är Carte d’identité geklaut gouf oder wann Dir se verluer hutt, fannt Dir déi noutwendeg Demarchen op Guichet.lu.

Ech hu mäi Smartphone a meng Carte d’identité verluer oder geklaut kritt. Wat muss ech maachen?

All Titulaire vun enger Carte d’identité, deen de Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung dovu feststellt, muss esou séier ewéi méiglech eng Deklaratioun bei der Police maachen. D’Persoun, déi d’Deklaratioun mécht, kritt eng Attestatioun.

Parallel zu der Deklaratioun bei der Police muss den Titulaire och follgend Organer informéieren:

  • d’Gemengeverwaltung vun sengem gewéinleche Wunnuert; oder
  • den Accueil vu Guichet.lu; oder
  • wann en am Ausland ass, déi concernéiert diplomatesch oder konsularesch Vertriedung,

fir d’Suspensioun vun den elektronesche Certificaten a vun der Carte d’identité unzefroen.

Informéiert Iech op Guichet.lu iwwer de Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung vun der Carte d’identité.

PIN a PUK

Wou fannen ech mäi PIN-Code a mäi PUK-Code?

Bei der Demande fir Är Carte d’identité sinn Iech déi 2 Codë per Post geschéckt ginn.

Ech hunn de Bréif mat mengem PIN-Code a mengem PUK-Code verluer. Wat muss ech maachen?

Dir kënnt per Telefon eng Demande maachen, fir de Bréif mam PIN-Code a mam PUK-Code vun Ärer Carte d’identité nach eng Kéier printen ze loossen

Weider Informatiounen iwwer déi praktesch Modalitéite vun der Demande fannt Dir op Guichet.lu.

D’App GouvID gëtt un, datt de PIN-Code, deen ech aginn hunn, falsch ass. Wat muss ech maachen?

Iwwerpréift als éischt, ob Dir tatsächlech de PIN-Code vun Ärer Carte d’identité an net de PIN-Code vun Ärer SIM-Kaart aginn hutt.

Wann de PIN-Code vun Ärer Carte d’identité blockéiert ass, klickt op „Détails“ an dann op „Débloquer votre PIN“ (op Däitsch: „Einzelheiten“ an „Ihre PIN entsperren“ / op Englesch: „Details“ an „Unlock your PIN“). Fir en neie PIN-Code kënnen auszewielen, musst Dir de PUK-Code, deen Iech geschéckt ginn ass, wéi Dir d’Carte d’identité ugefrot hutt, uginn.

Wann Dir de Bréif mam PUK-Code verluer hutt, fannt Dir déi noutwendeg Demarchen op Guichet.lu.

Smartphone

Ech hunn déi biometresch Funktionalitéite vu mengem Smartphone net aktivéiert. Ass eng Aktivéierung obligatoresch?

Nee. An deem Fall musst Dir bei all Identifizéierung de PIN-Code vun Ärer Carte d’identité aginn.

Aktualiséiert