Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat // D'Lëtzebuerger Regierung

Attributiounen

Den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) – technologeschen Aarm vum Ministère fir Digitaliséierung – ass déi lëtzebuergesch Verwaltung, déi zoustänneg ass fir d’IT-Servicer vun der Regierung, de Ministèren an de Lëtzebuerger Verwaltungen. En offréiert eng breet gefächert Offer u Servicer fir seng Clienten bei der ëffentlecher Verwaltung.

Weiderliesen

Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“

D’Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“ leet déi wichtegst Elementer fest fir eng erfollegräich digital Transitioun vum Staat fest. Si huet als Zil, héichwäerteg Online-Servicer fir d’Bierger an e progressiven Iwwergang op eng digital Verwaltung, wéi se vun den internationalen Instanze recommandéiert gëtt, sécherzestellen.

Weiderliesen

  • No der DDoS (Distributed Denial of Service) Cyber-Attack, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Internetsitten inaccessibel sollte gemaach ginn, koum am Laf vum Nomëtten eng Cellule de crise ënnert der Leedung vun der Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin, zesummen.

  • Säit de Moien, den 21. Mäerz 2024, gouf et eng Cyberattack op verschidde staatlech Internetsitten. Dobäi handelt et sech ëm eng DDOS-Attack. Eng DDOS-Attack besteet doranner déi informatesch Ressource vum viséierten Affer ze iwwerlaaschten.

Eis mobil Appen

GouvID

Mat GouvID kënnt Dir Är Lëtzebuerger elektronesch Carte d’identité (eID) zesumme mat Ärem Smartphone benotzen, fir Iech op engem PC oder engem Tablet bei verschiddenen ëffentlechen Online-Servicer, ewéi MyGuichet.lu, ze identifizéieren.

Weiderliesen

 


GouvCheck

GouvCheck erlaabt Iech, d’Authentizitéit vun engem offiziellen Dokument, dat zu Lëtzebuerg ausgestallt ginn ass, gratis an an Echtzäit ze iwwerpréiwen, dëst dank engem QR-Code, deen am Dokument integréiert ass.

Weiderliesen

 


App MyGuichet.lu

Luet eis gratis App MyGuichet.lu erof, déi Iech den Zougrëff op Är Online-Demarchë beim Staat esou wéi  d’Kommunikatioun mat de lëtzebuergeschen Verwaltungen an den ëffentlechen Ariichtungen erliichtert.

Guichet.lu a MyGuichet.lu

Guichet.lu

Dir sidd e Bierger a wëllt méi iwwer d’Modalitéiten, fir d’Kannergeld ze kréien, gewuer ginn? Dir sidd Entreprener a wëllt wëssen, vu wéi enge finanziellen Hëllefen Dir kënnt profitéieren? Guichet.lu, den administrative Guide vum Lëtzebuerger Staat, huet all d’Äntwerte fir Iech! 

 


MyGuichet.lu

MyGuichet.lu ass Är zentral Kontaktadress, fir iwwer den elektronesche Wee mam Lëtzebuerger Staat ze interagéieren. Demarchë maachen, administrativ Dokumenter entgéinthuelen, e Rendez-vous bei enger Verwaltung huelen oder einfach just Är Donnéeën ofruffen – alles ass méiglech, online, an Ärem perséinlechen, ofgesécherte Beräich.