Attributiounen
Den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) ass déi lëtzebuergesch Verwaltung, déi zoustänneg ass fir d’IT-Servicer vun der Regierung, de Ministèren an de Lëtzebuerger Verwaltungen. En offréiert eng breet gefächert Offer u Servicer fir seng Clienten bei der ëffentlecher Verwaltung.
Strategie fir eng digital Verwaltung 2026-2030
D’Strategie fir eng digital Verwaltung 2026-2030 markéiert eng nei Etapp am digitale Wandel vu Lëtzebuerg. De Lëtzebuerger Staat wëll seng ëffentlech Servicer bis 2030 voll digital an inklusiv maachen an op de Once-Only-Prinzip baséieren, fir de Verwaltungsopwand ze reduzéieren an d’Benotzererfarung ze verbesseren. Eng koordinéiert Valorisatioun vun den Donnéeë wäert et erlaben, d’Bedierfnesser vun de Bierger an de Betriber besser ze verstoen, besteeënd Servicer ze optimiséieren an nei, méi personaliséiert a proaktiv Servicer ze kreéieren. Fir dës Ziler ze erreechen, investéiert d’Regierung a fortgeschratten Technologien, garantéiert d’Sécherheet an d’Souveränitéit vun den Donnéeën a went nohalteg Praktiken un, fir hiren Ëmweltfoussofdrock ze reduzéieren.
D’Strategie gouf gemeinsam vum Ministère fir Digitaliséierung an dem Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) entwéckelt an de 17. Dezember 2025 vum Regierungsrot ugeholl.
-
Limitéierten Accès op déi intern Servicer beim CTIE
De Ministère fir Digitaliséierung informéiert dass op dem System, deen déi Mobil Geräter (Smartphonen an Tabletten), déi vum Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) geréiert ginn, eng Malware detektéiert ginn ass.
-
Einfachen Accès op den elektronesche Gesondheetsdossier
MyGuichet.lu annoncéiert dass ee vun elo u säin eSanté Konto online op MyGuichet.lu aktivéiere kann, an esou direkt op de perséinleche Patientendossier (Dossier de soins partagé, DSP) zougräife kann. Den Zougang mécht sech iwwert eng interaktiv a geséchert Plattform vum Lëtzebuerg Staat.
Aktualiséiert den