Attributiounen
Den Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) ass déi lëtzebuergesch Verwaltung, déi zoustänneg ass fir d’IT-Servicer vun der Regierung, de Ministèren an de Lëtzebuerger Verwaltungen. En offréiert eng breet gefächert Offer u Servicer fir seng Clienten bei der ëffentlecher Verwaltung.
Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“
D’Strategie „Gouvernance électronique 2021-2025“ leet déi wichtegst Elementer fest fir eng erfollegräich digital Transitioun vum Staat fest. Si huet als Zil, héichwäerteg Online-Servicer fir d’Bierger an e progressiven Iwwergang op eng digital Verwaltung, wéi se vun den internationalen Instanze recommandéiert gëtt, sécherzestellen.
-
De LuxTrust-Token kann nom 31. Dezember 2024 net méi benotzt ginn
-
Perturbatioun vu verschiddene staatlechen Internetsitten (1)
Säit de Moien, den 21. Mäerz 2024, gouf et eng Cyberattack op verschidde staatlech Internetsitten. Dobäi handelt et sech ëm eng DDOS-Attack. Eng DDOS-Attack besteet doranner déi informatesch Ressource vum viséierten Affer ze iwwerlaaschten.
Aktualiséiert den